Zu Lëtzebuerg, zu Conter, fannt Dir d'Firma ANG Automotive, Spezialist am Beräich vun der Automobilindustrie.
Eis erfahren Equipe setzt op Qualitéit, Zouverlässegkeet an d'Zefriddenheet vun eise Clienten. Mir schaffen fir d'Industrie, Garagen, verschidden technesch Servicer vum Staat an de Gemengen, awer och fir Privatleit.
Mir reparéieren, kontrolléieren, liwweren a schaffen un allen Zorte vu Verbrennungsmotoren a mechaneschen Unitéite vu Persounenautoen, Camionen a landwirtschaftleche Maschinnen.
Duerch eis Fachkompetenz, Professionalitéit an Opmierksamkeet op Detailer kënne mir zouverlässeg an effizient Léisunge ubidden, déi un d'Besoine vun all Client ugepasst sinn.
Kontaktéiert eis telefonisch fir weider Informatiounen.