Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Administration Communale de Dudelange

          Gemengen L-3401 Dudelange (Diddeleng)
          Kuck d'Nummer 51 61 21-1 Itinéraire Websäit City App Agenda

          Iwwer Administration Communale de Dudelange

          • Zougang fir Behënnerten
          • Parking
          • Hond/Hënn erlaabt
          • Online-Accès

          Diddeleng, eng dynamesch Stad

          Diddeleng, déi véiertgréisst Stad vum Land, huet eng Fläch vu méi wéi 21,3 km² an zielt am Joer 2025 iwwer 22.200 Awunner*innen. Déi fréier Stolstad huet hir wirtschaftlech Ëmstellung dank hirem Dynamismus an hirer Diversitéit erfollegräich gepackt an huet säit der industrieller Zäit eng staark demographesch Wuesstemserfarung gemaach – virun allem duerch d’Immigratioun. Déi deemoleg Fabricken hunn eng grouss Unzuel un auslänneschen Aarbechtskräfte beschäftegt. Hautdesdaags stellen d’Auslänner*inne méi wéi 36 % vun der lokaler Bevëlkerung duer, a representéiere bal 117 verschidden Nationalitéiten. All dës Kulture liewen a perfekter Harmonie zesummen; Diddeleng ass e schéint Beispill fir eng gelonge multikulturell Gemeinschaft. Diddeleng huet vill Virdeeler: eng gesond Ëmwelt, eng generéis Natur, performant Entreprisen, eng grouss Villfalt u sportlechen Infrastrukturen, e räicht kulturellt Liewen an eng beispillhaft urban Liewensqualitéit. E ganz aktiivt Veräinsliewen dréit wesentlech zum Zesummenhalt an der Gemeinschaft bäi.



          D’Kultur

          D’Stad Diddeleng ass kulturell ganz aktiv an organiséiert zanter ville Jore grouss Festivalle souwéi Jazz- a Weltmuseksconcerten. Déi kulturellt Offer gëtt duerch Infrastrukturen erweidert wéi de regionale Kulturzentrum opderschmelz, d’Konschtzentren Dominique Lang an Nei Liicht, de regionale Dokumentatiounszenter iwwer mënschlech Migratioun, de Geschichtsmusée, de Musée vun den Zwangsrekrutéierten oder déi regional ëffentlech Bibliothéik. Parallel dozou ginn och reegelméisseg grouss Fester a Manifestatiounen organiséiert. Evenementer, wéi den Zeltik (keltesche Museksfestival), Fête de la Musique, Summerstage, Eat, Beat & Culture, Fête des Cultures, d’Butschebuerger Buergfest oder nach den traditionellen a mëttelalterleche Chrëschtmaart zéien all Joer vill Leit un.



          De Projet NeiSchmelz

          D’Stad entwéckelt sech op all Niveauen, a grouss Projeten si geplangt – besonnesch am Beräich vun der Stadentwécklung. Sou ginn déi fréier Industriefrichen am Kader vum Projet NeiSchmelz nei genotzt. Dëse geschichtsträchtege Site gëtt an en neie passiven Energie-Écoquartier ëmgewandelt, den den nohaltege Wuesstem fërdert a Wunnengen, Aarbechtsplazen an ëffentlech Plaze fir Renconteren a Fräizäit ëmfaasst.An dësem Kader huet de Fonds du Logement, zesumme mat der Stad Diddeleng, am Joer 2009 en internationalen urbanistesche Concours organiséiert. Dësen neien Écoquartier schaaft eng Verbindung tëscht de Quartiere Schmelz an Italien an integréiert sech an e globaalt Konzept vun der urbaner Entwécklung vun der Stad. De Projet wäert déi existent Strukture kreativ transforméieren, dobäi awer déi wirtschaftlech, ekologesch a sozial Wäerter vun Diddeleng respektéieren.

          Kontakt Persounen