D'Firma Weber & Cie S.à r.l. ass eng Bauentreprise mat Sëtz zu Maarnech, Gemeng Klierf, am Norden vu Lëtzebuerg. D'Bauentreprise gouf 1931 vum Nicolas Weber gegrënnt. Mat den zwee einfache Grondwäerter "Qualitéit an Traditioun" viru Aen, huet hie mat der Basis fir dëse laangjärege Succès gesuergt, deen dann elo scho méi wéi véier Generatiounen dauert. Eben dës zwee Grondwäerter fënnt een och am Logo vum Betrib erëm. Hie besteet aus zwee Häkelen, déi d'Grondwäerter an d'Firmen-Philosophie duerstellen.
Am Laf vun de Jore koum d'Weber & Cie S.à r.l. staark op an ass haut als Bauentreprise a Betounwierk a ganz ville Geschäftsfelder aktiv, mat Aktivitéiten am ganze Land. Eis Haaptberäicher sinn:
- Déif- a Stroossebau
- Gaarde- a Landschaftsbau esou wéi Renaturatioun
- Fabrikatioun a Liwwerung vu Transportbéton a Fäerdegbéton
- Betounprodukter fir privat an ëffentlech Bauprojeten
- Ofbroch- an Aushuararbechten
- Drainage a Weebau
- Asaz vu Spezial-Maschinnen
- Wanterdéngscht fir ëffentlech Optraggiwwer
- Berodung op der Plaz
Als Betounwierk bedreiwe mir och eise eegene Steebroch souwéi eng Anlag fir de Béton ze recycléieren. Eis Bauentreprise setzt domat schonn zënter Joren op en nohaltege Ëmgang mat Baumaterialien: Recycléiert Material gëtt, wou et geet, erëmbenotzt, wat Ressourcen schount an Transportweeër reduzéiert. Dës Ëmweltphilosophie ass e fixe Bestanddeel vun eisem Selbstverständnis als Bauentreprise a Betounwierk.
Eis Clienten si genee sou villfälteg wéi eis Servicer: Als Bauentreprise schaffe mir fir Privatleit, Gemenge wéi och Industriebetriber, a passen eis Léisunge villsäiteg un déi jeweileg Ufuerderunge un.
Och wa Weber & Cie S.à r.l. duerch de Bau vun engem neien Büro an enger neier Ateliere am Joer 2012, souwéi duerch d'Ëmstellung an der intern Administratioun, eng Modernisatiounsphase erlieft huet, bleift d'Bauentreprise awer e Familljebetrib am klassesche Sënn. Bei de mëttlerweil bal 100 Mataarbechter kennen sech fast jiddereen, wat zu enger flotter an aangenehmer Aarbechtsstëmmung bäidréit.
Wann Dir Iech selwer vun de Wäerter, Produiten a Servicer vun eiser Bauentreprise a Betounwierk wëllt iwwerzeegen, da mellt Iech gäre bei eis.
Adress: 24, Marbuergerstrooss, L-9764 Maarnech
Telefon: +352 92 15 55