Echelles Andre SARL mat Sëtz zu Osperen am Lëtzebuerg ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi sech op de Verkaf vu Leederen an Gerëster fir de professionnelle wéi och de private Gebrauch spezialiséiert huet. D’Locatioun vu mobilen Gerëster gehéiert och zu de Servicer vun Echelles Andre SARL.
Echelles Andre SARL schafft ausschliisslech mat renomméierte Produzente wéi KRAUSE, GÜNZBURGER an ABA zesummen. Virun allem bidde mir moossgeschneidert Léisunge fir all Zougangsproblem un, well d’Zefriddenheet vun eise Clienten eis besonnesch um Häerz läit.
Nieft de Produiten aus eise Katalogen – wéi z. B. Unlee-Leederen, Multifunktiounsleederen, Duebel-Leederen, Träppleederen, Zougangstrappen, Teleskopleederen, Leederen mat Réckeschutz (Crinoline), Podester, Schachtleederen, Leederen fir speziell professionell Uwendungen, Trittstufen, Podestleederen, Geländersystemer, Leederen-Zubehör, Klappgerëster, Rollgerëster souwéi Deeler an Zubehör fir Gerëster – begleeden d’Echelles Andre Iech bei all Äre Projeten, vun der Planung bis zur Ëmsetzung.
Echelles Andre schafft mat erfuerene Fachleit zesummen an ass dofir an der Lag, Iech eng moossgeschneidert Ausrüstung ze liwweren, déi genee op Är spezifesch Besoine ofgestëmmt ass.