D’Menuiserie Guy Morheng Exploitation zu Ehlerange ass spezialiséiert op d’Fabrikatioun vu Miwwelen, an bannen Außbauten op Mooss.
Eis Devise: Wat et och ass – mir maachen et fir Iech!
Vun der Kell bis an de Späicher sinn eis Schräiner fäeg, all Är Bannenausbauten individuell no Äre Wënsch ze realiséieren:
- Schief a Comptoiren no Mooss
- Ankleedraim a Plackarden
- Ageriichte Kichen
- Bannen- an Dieren dobaussen
- Garageporten
- Fënsteren aus Holz, Holz-Alu, PVC, Alu oder Stol
- Sonnenschutz (Marquises, Storen)
Mir beméien eis ëmmer, Iech dat beschte Präis-Leeschtungsverhältnes ze bidden an eis Liwwerterminer anzhalen.
Fir méi Informatiounen, kontaktéiert eis op (+352) 26 55 55 -1.