Et ass an der Géigend vum Buergschlass Useldeng, am Häerz vum natierleche Patrimoine vu senger Ëmgéigend, wou Robin seng Inspiratioun fënnt.
Fir Iech d'Méiglechkeet ze ginn, Är Raimlechkeeten ze verschéineren an Ären Interieur no Ärem eegene Goût an Äre Wënsch ze gestalten, huet Robin eng breet Palette vu Faarftéin entwéckelt. All dës Faarwe sinn direkt vun der Natur inspiréiert, déi mat hire villen Nuancen déi schéinste Faarftéin bereet hält.
Andeems mir eis Zäit huelen, eis direkt Ëmgéigend, eis Bëscher a Däller, d'Fauna an d'Flora ze observéieren oder eis vun méi exoteschen Elementer iwwerrasche loossen, versiche mir eng sou grouss Faarfpalette wéi méiglech nozebilden. Kräfteg oder mëll, donkel oder hell – d'Méiglechkeete si bal onbegrenzt. A well all Goût an der Natur ze fanne ass, braucht Dir Iech, genee wéi mir, nëmmen inspiréiere ze loossen.