No hirem Architekturstudium op der ETH Zürich a ronn zéng Joer Beruffserfarung zu Zürich ass d'Anouck 2014 zeréck op Lëtzebuerg komm, wou si als selbststänneg Architektin geschafft huet. 2018 huet si decidéiert, sech am Creative Hub zu Déifferdeng néierzeloossen, an huet Anouck Pesch Architecte Sàrl gegrënnt. Haut besteet de Büro aus engem Team vu siwe Leit.
Zesumme realiséiere mir Projete mat ënnerschiddleche Funktiounen an a verschiddene Gréisstenuerdnunge fir privat an ëffentlech Clienten. Etabléiert Standarden a Fro ze stellen, dat Bestoend esou wäit wéi méiglech ze erhalen an all Detail mat grousser Suergfalt auszeschaffen, gehéieren zu de Grondprinzipien, déi eis Aarbecht leeden. Mir setzen eis aktiv fir ekologesch a wirtschaftlech nohalteg Projeten an, andeems mir d'Reduktioun vun der groer Energie berücksichtegen, d'Recycléierbarkeet vun de verschiddene Bauelementer fërderen an d'Integratioun vun erneierbaren Energiequelle virschloen.
Mir hunn eng besonnesch Passioun fir den Holzbau a profitéieren haut vun der Erfarung, déi d'Anouck an dësem Beräich an der Schwäiz gesammelt huet.
Architektin, Member vum OAI.