Isoltech, mat Sëtz zu Diddeleng, ass spezialiséiert op thermesch Isolatioun, Schallisolatioun a Brandschutzofschottungen.
Eist Team vu qualifizéierten Isolatiounsspezialiste stellt Iech säi Fachwëssen zur Verfügung a féiert d'Aarbechten no de Reegelen vun der Konscht an ënner Anhale vun den ofgemaachten Delaië professionell aus.
Bei Froe kënnt Dir eis vu Méindes bis Freides vun 8:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer kontaktéieren.
Thermesch Isolatioun
Mat enger passender Isolatioun kënne Wärme- a Keeltverloschter reduzéiert ginn, wouduerch Energie gespuert ka ginn.
ISOLTECH SA isoléiert professionell all Zorte vu Réier (Heizung, Waasser), Kanäl (Ventilatioun a Klimatisatioun) souwéi Plafongen an Dachbuedem. Mir schaffe fir d'Industrie, de Commerce a Privatclienten.
Schallisolatioun
Eng effizient Schallisolatioun reduzéiert de Kaméidi, verbessert d'Akustik an erhéicht doduerch den allgemenge Confort an d'Wuelbefannen.
Ob an der Industrie, a Gebaier (Büroen, Schoulen asw.) oder am private Beräich: ISOLTECH SA beréit Iech a realiséiert déi néideg Schallisolatioun mat unerkannten an zertifizéierte Produiten.
Brandschutz
Fir d'Verbreedung vu Feier an Damp am Brandfall ze limitéieren, féiert ISOLTECH SA all Zorte vu Brandschutzofschottungen aus, fir e maximale Schutz vun Äre Raimlechkeeten ze garantéieren.
Ob Industrie, Commerce, Banken, ëffentlech oder privat Gebaier: Eis qualifizéiert Mataarbechter realiséieren en effiziente Brandschutz mat spezifeschen an zertifizéierte Produiten.