
De Betrib
Peintures Reckinger ass en Handwierksbetrib an de Beräicher Ustrach, Tapezéieren, Buedem Leen, Drëschebau, Riddoe Bitzen an Arumme vu Biller. D'Gréisst vum Betrib erlaabt souwuel e ganz klenge Chantier wéi och e ganz grousse Projet duerchzeféieren.
De Showroom
Am Showroom an der Victor Hugo Strooss kann een sech de Choix u Fuerwen, Tapéiten, Buerdembeleesch, Stëfter an Teppecher ukucken. Sou léiert een déi ënnerschiddlech Materialie kennen a kann, mat qualifizéierter Berodung, säi Choix treffen.
De Buttek
De Buttek ass op der selwechter Plaz wéi de Showroom. Hei fillt een sech nach ë bëssen an déi al Zäiten zeréck versat. Och wann een op munch Artikel nach e Präis a Frang entdeckt kann ee berouegt sinn datt d'Fuerf dem neiste Standard entsprécht. E gudden Usträicher brauch awer net nëmme gutt Fuerf mee och dat richtegt Geschier fir säi Chantier ze maachen. Dat alles kritt hien, zesumme mat nach vläit engem Tipp bei Peintures Reckinger.