Schülerrees a Japan
SCHÜLERINNEN AUS DEM SAINTE-ANNE OP REES A JAPAN
Dräi Schülerinnen aus der École Privée Sainte-Anne vun Ettelbréck hu vum 19. bis de 25. August 2024 zu Higashikawa (op der Insel Hokkaido a Japan) un engem internationale Fotofestival deelgeholl, dem „International High School Students‘ Photo Festival Exchange“.
Zesumme mat hirer Enseignante, der Madame Marques, hunn d’Alexandra Wagner, d’Fiona Arias an d’Cloé Araujo vun der 4GCM-Klass un engem Concours deelgeholl an déi Fotoen, déi si agereecht haten, si vun engem onofhängege Jury vun der F.L.P.A. bewäert ginn an hu gewonnen.
Ier de Grupp a Japan gereest ass, haten si d’Éier vum japanesche Botschafter zu Lëtzebuerg, dem Här MATSUBARA an der Ambassade empfaangen zeginn. Zu Higashikawa haten si een immens flotten a léierräichen Openthalt asi si mat ville schéinen Erënnerunge rëm zréck op Lëtzebuerg kommen.