Editus, Les annuaires du Luxembourg
fr
event image background

Virtrag iwwert de Blues: The bluesy side of the Stones

Mam Ben Boulanger

  • 29/10/2020
  • ManuKultura 1 am Millenhaff, L-8706 USELDANGE
  • organisateurs : Ben Boulanger / Manukultura

Musique

Den 2. Dezember 2016 bréngen d’Rolling Stones den Album „Blue & lonesome” op de Maart. En Disk mat Cover-Versiounen vu Blues-Klassiker. Titelen vun hire fréieren Idoler: Willie Dixon, Howlin’ Wolf, Eddie Taylor oder och Magic Sam a Little Walter. Och wann si domat muncher een iwwerrascht hunn, waren d’Stones-Fans vun der éischter Stonn eigentlech guer net erstaunt. Déi selwer ernannt „World’s Greatest Rock ‘n’ roll Band” hat ugangs de 60’er Joren schonns Leit wéi Muddy Waters, Slim Harpo oder Bo Diddley kopéiert an domat och dëse Bluesmuseker hir Karriär relancéiert a si dem wäissen amerikanesche Publikum méi no bruecht. Natierlech hunn Mick Jagger, Keith Richards & Co och Rock ‘n’ roller wéi Chuck Berry oder Buddy Holly gelauschtert, a wou si ugefaangen hunn, hir eege Stécker ze spillen, ass de weltwäiten Erfolleg och net ausbliwwen. Mee de Blues ass op quasi all hiren Disken present. Dësen Owend ass geduecht, fir déi blueseg Momenter an der Diskographie vun de Stones ervirzesträichen, dat natierlech unhand vu villen Anekdoten an Audio-Dokumenter


 
En naviguant sur le Site internet Editus.lu :
Je reconnais avoir pris connaissance et compris la Politique de protection des données personnelles d'Editus et les Conditions Générales d’Utilisation d'Editus.lu. Je reconnais avoir accepté les dernières.

J'accepte également l'utilisation de cookies et de technologies similaires dans les conditions prévues dans la Politique de protection des données personnelles d'Editus.lu.

Pour en savoir plus et paramétrer les cookies et technologies similaires, cliquez ici.